Heefegst Froen (F.A.Q.)

Ah! D’Accessoiren. Wat wier een Fotoboxfest ouni sech ze Verkleeden. 

Wiesselt ären Look an e puer Sekonnen, Dier hutt vill Accessoiren zur Auswiel. Schnurrien, Brëller, Perrécken, Masken… Mir erfëllen all är Wënsch. Dir kennt natierlech och är eegen Accessoire benotzen

Beispill kleng Accessoiren

Beispill grouss Accessoiren

Een Beispill vum groussen Package

Een Beispill vum klengen Package

Dir hutt een speziellt Thema vir äert Fest? Mir kennen Iech är Accessoiren vir dat Thema upassen

15 personaliséiert Schelder ginn entworf an gedréckt op eng Plack an op Wonsch schneiden mir Iech se och dann eraus

Beispillsentworf vun enger Schelderpalette

Beispillsentworf vun enger Schelderpalette

Färdeg Schelder, geschnidden an gedréckt

Schreift eis wann dir een speziellen Wonsch hutt

Eis Hannergrënn sinn grouss, aussergewéinlech an witzeg! Mir hunn eng Rei vun Hannergrënn, déi sech perfekt un äer Fest adaptéieren.

Am Stock hunn mer: wäiss, groe, schwaarz, Party, Maueroptik, Holzoptik an een Galahannergrond als

Gréisst vum Hannergrond ass 2m50 op 2m50

waiss

gro

schwarz

Holzoptik

Maueroptik

party

Blummenmotiv

Galamotiv

Vir eisen Cliq-o-mat optimal kennen ze benotzen ass eng fräi Platz vun 3x3m, eng Stroumprise an een Banneraum noutwendeg

Wann Dir keng personaliséiert Rumm gewielt hutt, dann ginn eis Standardrummen op ärer Photosbox installéiert

Sou gesäit den Layout “Stripes” aus, 4 Fotoen ennerteneen, an direkt 2x op enger 10×15 Foto

Sou gesait Layout “Gästebuch” dann aus.

An Layout “Multi” mat 3 Fotoen op enger 10×15 Foto

Eisen Cliq-o-mat ass een flotten Marketinggadget fir äeren Betrieb an dat mat enger grousser Visibilitéit op sozialen Netzwierker. Äeren Logo oder äer personaliséiert Message ass méiglech op eiser Fotosbox souwéi op äerer Foto. Vir méi Detailer einfach eis uschreiwen

All Faarf ass natirlech wielbar, dass ären Logo flott an Szene gesaat ka ginn

Hei een Beispill vir een aanert Event, dëss Keier am Schwarzen mat dem Businesslogo vum Client

Wann eng Internetverbindung besteet da ginn äer Fotoen automatesch op eis Internetsäit cliqomat.lu gesaat an Dir kennt se mat äeren sozialen Medien deelen, wann erwënscht. Wann keng Verbindung besteet, da kennt Dir äer Fotoen spéitstens den Dag nom Event eroflueden.

  • Cliq-o-mat Mini ass e kleng Photokescht ouni en Drécker deen an eisem Büro ofgeholl ka ginn
  • Cliq-o-mat Standard ass eis Haaptbox mat engem Drécker mat normaler Foto Gréisst (10×15)
  • Cliq-o-mat XXL bitt Iech d’Méiglechkeet ze drécken an 15×20 Format. Locatiounszait ass vir déi 3 Modeller bis 01:00 Auer