Cliq-o-mat kontaktéieren

Huelt Kontakt mat eis op

Mir schwätzen an verstinn:           

Dir hutt eng speziell Ufroe? Dier kennt eis ënner der Handysnummer 621 37 49 48 erreechen (Mike)

Iwwer eis

Iwwer eis

Martine

Martine ass Gerante vun CLIQO sàrl-s. Hat beschäftegt sech mat den administrativen Tâchen déi ufalen an der Organisatioun vun eisen Cliq-o-maten an Evenementer. Martine ass Mamm vun 2 Kanner an hier Passioun ass Westernreiden.

Mike

De Mike, dem Martine säin Mann, ënnerstëtzt d'Team mat sengem techneschen Wëssen an der Berodung. Vun 2011-2012 war de Mike den Haaptorganisateur vum MissFB Luxembourg Concours. Ausserdeem war hien 2018 den Fotograf vun der karitativer Aktioun ``Knockitout2``. Hien ass schonns säit iwwert 10 Joer een leidenschaftlechen Fotograf. Wat als Hobby entstaanen ass, ass mëttlerweil eng grouss Leidenschaft vir hien ginn.

Christine

Christine ass eisen Geschäftspartner. Hat ass Fotografin a Lëtzebuerg a ronderëm d'Grenzgebitt. No 4 Joer Studium an der Fotografie an Design an Kommunikatioun an Däitschland, ass Christine zeréck an hiert Heemechtsland zeréckkomm wou et gären Fotoen mécht.

OP WAT WAARDEN?

Bucht ären Cliq-o-mat fir Är nächst Evenement!